lundi 9 mai 2011

Cd Virstellung vum Mee

Bill Callahan: Apocalypse

America: Faszinazioun an Angscht. Faszinatioun vir en onendlescht Land deem dei ganz Welt noleeft, Angscht virun enger onvermeindbarer Hegemonie.

De Bill Callahan huet nët d'Noriicht vum Ben Laden sengem Doud gebraucht fir sech Froen ze stellen iwwer e Land wat Dreem ausleist mee och Panik, Gewalt an Iwwermuescht. Dëss sin d'Thema'en vum leschte Wierk vum Ex-Sänger vun Smog. Lyric ass metaphorësch, Rau an leisst vill Raum fir Interpretatioun; mee d'Stëmmung ass gespaant.

Ze Rau, ze authentësch, ze onglat ass dësen Songwriter fir am hippen Folk-Revival matzespillen. Musikalesch mëschen sech klassësch Americana-Elementer mat Soul, Funk an Blues: D'Band ass komplett frei, soulang se den gemeinsame Projet no vir zitt; e besschen ewei en individualisteschen Amerikaner.

An de langen Stécker fënnt den Callahan genuch Raum fir mat sengem Gesang den ewei den Tom Waits keng Harmonie'en brauch, Ausdrock ze fannen. Durch d' Laengt an Dynamik vun de Lidder ass "Apocalypse" en Album deen dem Lauschterer Zeit verlangt. Dëse Läschten fillt sech awer nie alleng geloos an der deischterer Autosfahrt duerch d'Nuescht.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire