dimanche 10 octobre 2010

Cd Virstellung vum Oktober


Frazey Ford:
Obadiah
Nettwerk


D'Frazey Ford, aus Kanada, ass hauptberuflësch Sängerin vun der charmanter Band "The Be Good Tanyas". The Be Good Tanyas sin fir frëschen, intensiven an modernen Country bekannt. Well dei gudd Tanya'en seit 2006 keng Cd rausbruescht hun, huet hir Frontfra d'Frazey Ford genuch Zeit gehat un engem eegenen Album ze schaffen.

Vill Zeit huet dess Plakk gebraucht. Dat veroden dei Detailverleiwt an variert Arrangementer dei dem Frazey seng Hauchdënn awer intensiv Stëmm begleeden.
D'Kompositiounen sin och Detailverleift, mee ouni hir folkësch Eingängeschkeet ze verleiren. Dei subtil Melodien bleiwen am Kapp an gin Loscht op mei. D'Coverversioun vum Bob Dylan sengem "One more cup of coffee" ass nët immens originell mee trotzdeem gelongen.

Musikalësch hëllt sech d'Frazey mei Fräiheeten ewei bei senger Band. Iergendzwouch zwëschen Soul, Gospel an Americana beweegt sech "Obadiah" mat Koherenz.

"Obadiah" strahlt en ganz speziellen Charme aus, genau ewei dem Frazey seng Stëmm, dei duerch den paradoxalen Ausgleisch tëscht assüreiert Erotik an weiblëscher Zerbreschlechkeet all Lidd mat enger adiktiver an intensiver Spannung prägt.

Playlist vum Densden 12 Oktober 2010

1. The Accidental: Illuminated Red
2. Frazey Ford: Firecracker
3. Mark Lanegan and Isobel Campbell: Lately
4. Frazey Ford: If you gonna go
5. Philip Selvay: patron saint
6. Frazey Ford: One more cup of coffee
7. Damien Jurado: Pear
8. Frazey Ford: Goin' over
9. Lissie: In sleep
10. Twin Sister: Lady Daydreams
11. Tired Pony: point me at lost Islands
12. Wild Nothing: Live in dreams
13. Menomena: Dirty Cartoons