lundi 13 décembre 2010

Cd Virstellung vum Dezember

Junip: Fields
Mute/City Slang


Junip ass de Numm vun der Band rondërem dem Schweed, Jose Gonzalez. Fields ass dei eischt LP vun deser Band dei et awer schon puer Joer lang gëtt, an eis bis elo nëmmen mat der EP Rope and Summit begléckt hat.

Stéck "Rope and Summit" gett et an der Neiopfassung op desem Album, an d'Stéck weist eis och den Toun vun dësem Album un: Driwwend Guitarsbegleedung, verspillten Arrangementer, an dem Jose Gonzelez sain gefillvollen an awer straightem Gesang. D'Kompositiounen sin villseitëg an kurzweileg mee trotdeem usprochsvoll. Ofwiesselung fënnt een hei genuch, ouni dat an d'Konzeptlosegkeet ze falen. Lang keinnt een nach iwwert dest Plakk philosopheieren, mee ech zweiffelen um Interet. D'CD verspreet en direkten Charm, sief et wient dem Jose senger Stemm oder deenen attraktiven opgebauten Stécker. Et geet gudd erann, mëcht Freed an zeugt vun Sensibiliteit. Einfach eralauschteren.

Dei 2 Bonus Cd'en dei als Import ze kreien sin, sin immens attraktiv. D'Coverversioun vum Springsteen sengem "The Ghost of Tom Joad" ass immens gelongen.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire