lundi 8 novembre 2010

Cd Virstellung vum November





Glasser:
Ring
True Panther


Ennert dem Artistenumm Glasser vestoppt sech d'Multiinstrumentalistin Cameron Mesirow. Keng Angscht, ennert Multiinstrimentalistin versteet sech hei haptsächlesch Synthie an Drumcomputer.

"Ring" ass dem Cameron aus Los Angeles sain Debut, weist awer schon vun onwahrscheinlescher Reift, dëss souwuel an sengem Gesangsorgan wei an sengem Songwriting. Melodien sin eingängesch an markant, obwuel sech Glasser Kompositiounen immens gaeren vum klasseschen Strof-Refrainopbau
distanzieieren. Dobei kennt nach Der Madamm Mesirow hir Stëmm, dei vun aethereschen Moods Passagen bis zu Sireenesch Heischten all Register beherrscht. Den Opener "Apply" ass en representativt Stéck vir desen Album: eng dreivend Percussion, eng minimalistesch an omnipresent Synthiebgleedung, dei dem Cameron Mesirow all expressiv Freiheet loosen, ouni dobei fade ze klengen. Desst gett perfekt ausgenotzt ouni awer d'Ziel aus den Aan ze verleieren.

Iwwert den ganzen Album fënnt een dess Eelementer erëmm, ouni dat d'CD monoton gëtt. d'Struktur ass vun Stéck ze Stéck anescht an obwuel een an enger änlescher Soundlandschaft ass, muss een sech an all Lidd nei eraschaffen. Iwweraschungseeffekter sin nët aus dem Wee ze goen. Heiansdo ass een un Bat for Lashes erënnert, mee dat steiert u sech nët besonnëg.

Am grousse Ganzen ass "Ring" en extreem villvesprieschenden Debut.


Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire