lundi 7 mars 2011

Cd Virstellung vum März


PJ Harvey:
Let England Shake


Dei 2 after-Feierdeeg Meint sin all Joer gudd fir d'Indie-Fans, well se voller Veröffentlechungen sin, vun Artisten dei nët un den Chrëschtdagsmarché interesseiert sin, well do seguer die-hard Hipsteren Best-off'en verschenken.
Mat Radiohead, Iron and Wine, Bright Eyes etc. war dëst Joer och keng Ausnahm. Par contre, hieft sech een Release besonnëg aus deser Indie Langzeitprominenz eraus: Dee vum Polly Jean Harvey sengem 10. Studo Solo-Album.
Wann een dem PJ Harvey seng elo schon 20 Joer lang Carrière verfollegt huet, wees een dat d'Australieren keen Hang dofir huet 2 mol dat selwescht ze man. Obwuel mei aal Fans verschidden mei rezent Wierker ewei Stories from the city, Stories from the Sea oder White Chalk, mei wotlëch fonnt hun, waren och dess Wierker , op hirer Art an Weis och Neierfannungen vir eng Kentschlerin dei an staenneger Entwecklung ass.
Let England Shake passt och an desem organeschen Schema. Souwuel; lyresch ewei musikalesch, ass desen Album eng Verarbeschtung vun Facetten dei potenziell oder en germe an freieren Arbeschten vun der Sängerin ze fannen waren. d'Texter sin politësch, awer nët sou clishégelueden ewei de klasseschen Protestsong, dofir ass d'Fra Harvey zevill subtil an zevill intelligent. Et si keng kloer Uweisungen, mee Metapheren, Wuertspiller and Referenzen, dei gemëscht mamm Harvey sengem heiansdo coolen, heiansdo rauen an heiansdo histeereschem Gesang, op d'Onzefriddenheet and d'Onverständnis par rapport zu der Ongereschtegkeet deiten.
Musikalesch ass dess CD mei folkesch ausgefall: mei akustesch Gitarren ewei gewinnt, keng pompös Begleedungen; Mee rëmm do falen mer och a kee Clishé, well d'Polly Jean kann Lidder schreiwen dei eis seng Seil blouss leen. Genau dat ass et och wat sein Liewenswierk esou geneissbar mëscht.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire